Sie sind hier
DP Sektioun Gemeng Cliärref ass gegrënnt ginn

Den 18. Januar war fir eis e ganz wichtegen Dag. Mir hunn DP Sektioun Gemeng Cliärref gegrënnt a mir sinn houfreg drop dat ganz vill Leit op Wäicherdang komm sinn.
Ënnert hinnen hu mir däerfe begréissen, d’Parteipresidentin a Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen, de Logementsminister Marc Hansen, den DP-Generalsekretär an Deputéierten Claude Lamberty, den Nord-Deputéierten Edy Mertens an de President vun der DP-Norden, de Marco Koeune.
A senger Ried huet de Raymond Beffort, éischte President vun der neier Sektioun, betount wéi wichteg dat et ass dat déi liberal Iddien a Wäerter sech och an der Gemengepolitik erëmspigelen. Ganz wichteg ass natierlech och de Kontakt zu alle Bierger, fir dat Gemeng Cliärref sech, mat der néideger Dynamik, den Erausfuerderunge vum 21. Joerhonnert ka stellen.
Comité vun der DP-Sektioun Gemeng Cliärref
President
- Raymond Beffort
Vizepresident
- Jean Linden
Sekretär
- Francy Godfroid
Tresorier
- Christian Roth
Info Presse, Facebook
- Guy Ludig
Internet
- Adrien Wouters
Memberen
- Raoul Bastendorff
- Claudine Godfroid
- Susi Kauthen
- Roger Meyer
- Ruben Pinto
- Safet “Jacques” Sabotic
- Romain Schanck
- Guy Thill
- Fernand Wagner
- Marion Zeimes-Scheier
Jiddereen dee wëllt matschaffen oder Member wëllt ginn, ass natierlech wëllkomm a kann, eis ënnert der E-Mail-Adress cliaerref@dp.lu kontaktéieren.