Sie sind hier

De Clierfer Wëldpark

De fréiere Wëldpark zu Clierf gëtt der Öffentlechkeet nees zougänglech gemeet.

D’Ëmweltministesch huet den Deputéierten André Bauler an Edy Mertens op hir parlamentaresch Fro iwwer de fréiere Wëldpark rondrëm d’Clierfer Schlass geäntwert.

D’Ministesch huet betount, datt et net drëm geet de fréiere « Parc à gibier » erëm hierzestellen, mä villméi geet ëm eng Restauratioun vun den historeschen Iwwerreschter ronderëm d’Lorettokapell, d’Einsiedelei an d’Kapell vum Hl. Haupert. Donieft soll de Wee duerch de Parc an d’Rei gesat ginn. Mat Hëllef vu Panneaue gëtt een dann derduerch gefouert an et kann een och op der Plaz Explikatioune kréien, dëst dank de modernen Technologien.

Et soll och notéiert sinn, datt déi ganz Aarbechte wëssenschaftlech verschafft ginn an datt d’Naturschutzverwaltung hei och enk mam Kulturministère, spréch Sites et Monuments nationaux zesummeschafft.